


Architektur ass een dynamesche Prozess,
dee gedriwwe vun Innovatioun,
een aktive Beitrag fir eng nohalteg Zukunft leeschte kann.
Zesumme mat eisem Netzwierk vu Partner
entwéckele mir ganzheetlech Projeten,
wou d`Natur, de Mënsch, a säin Ëmfeld am Mëttelpunkt stinn.
Architektur soll ee positiven Impakt op eis
Gesellschaft, Kultur an Ëmwelt hunn.
Mat eiser Approche,
fokusséiert op Materialitéit an innovative Raumkonzepter, gestalte mir gesond & ökologesch Liewensräim.
Verännerung kann ee just errechen wann een zesumme schafft.
beCollab steet fir Teamplay, sou sief och du dobäi wann et heescht:
Rethink | Design | Together
Looss eis och däi Projet zesummen upaken!
Mir freeën eis lo schonn op eng nohalteg Collaboratioun.

Ween ass
beCollab?
Moien, ech sinn de Laurent de Grënner a Gerant vu Studio Becollab.
Als Architekt begleeden ech dech an alle Phasen bei der Realisatioun vun dengem Projet.
Ob Neibau oder Ëmbau; duerch eng personaliséiert a kompetent Berodung entwéckelen mir zesumme mat dir ganz individuell Konzepter.

Laurent Thill
Architecte Dipl.Ing
Baubiologe IBN
Associée-Gérant
+352 661 399 025 | laurent@becollab.eu
2021 - Grënnung vum Studio beCollab | Lëtzebuerg
2020 - 2021 HDR Germany | Berlin
2017 - 2020 Graft Architectes | Berlin
2008 - 2016 Architekturstudium | Innsbruck
Mataarbescht a verschiddenen Bureauen zu Lëtzebuerg an Eisträich:
MNarchitectes | Iechternach
Volker Giencke architects | Graz
Éis
Passioun
Ökologesch Bauen
Neibau? JO – Awer ökologesch.
Ökologesch Bauen huet als Ziel eng nohalteg Entwécklung se fërderen an ee positiven Impakt op Ëmwelt se leeschten. Duerch e Choix vun ëmweltfrëndlechen Baumaterialien, energieeffizientem Design, an Integratioun vun erneierbaren Energië kann den ökologesche Foussofdrock vum Gebai reduzéiert a d' Liewensqualitéit vu sengen Notzer verbessert ginn.

Gesond Bauen

Gesond Bauen ass ee ganzheetlech Konzept, wat als Ziel huet Gebaier se realiséieren déi d' Gesondheet a Wuelbefanne vu sengen Notzer fërderen. Des ëmfaasst verschidden Aspekter vum Choix vun de Materialie bis hin zu der Gestaltung vun de Reim
Ee wichtege Roll spille beim gesonde Bauen, ökologesch an nohalteg Materialien, déi fräi vu Schuedstoffer
sinn an zu engem bessere Raumklima bäidroen,
Transformatioun
Ëmbau statt Demolitioun
Ir doriwwer nogeduecht gëtt ee Gebai
ofzerappe solle fir d'éischt Potenzialer vum Bestand analyséiert ginn.
Op duerch en Ëmbau , en Ubau, oder eng Opstockung, mat all Transformatioun
kanns du e Gebai no dengenn Besoinen
adaptéieren.
Mat enger ganzheetlecher Sanéierung
schenks du dengem Haus een neit Liewen no dengen Firstellungen.
